D'Europäesch Unioun huet de Kaf vu Vaccine verbockt an dat och zouginn. Lëtzebuerg huet aus enger schlechter Ausgangsbasis eraus duerno och net geglänzt, fir et fein auszedrécken. D'Covid-Restriktioune ginn elo bis den 2. Abrëll verlängert. Ouni eng Minutt ze verléieren, missten d'Restriktiounen iwwerschafft ginn an d'Impfcampagne op Volltoure kommen. Am Abrëll mussen da Lockerunge kommen, sou de François Aulner an dësem Commentaire.