D'Vertrauen an d'Politik bréckelt ferm. Dem aktuelle Politmonitor no traue just nach 51 Prozent vun de Bierger der Regierung. Mol net een Drëttel géifen nach fir d'Oppositioun hir Hand an d'Feier leeën. De Sondage gouf lescht Woch réischt publizéiert a schéngt bei de Concernéierten awer kee gréisseren Androck ze hannerloossen, wann een hir Reaktioun op d'Affär Jeff Da Costa kuckt.