Tëscheruff vum Guy Seyler: Gréngewald Dammen am EuroCup - en Exploit?
0
Datt eng Lëtzebuerger Basketekipp bei internationale Competitiounen derbäi ass, dat ass et laang Joren net ginn. Ze grouss sinn d'Käschten, ze grouss och den Zäitopwand bei 6 Matcher mat 3 Deplacementer, huet et geheescht.
Elo weisen awer d'Frae vun Diddeleng a vum Gréngewald, datt et dach méiglech ass. Si hunn et an d'Gruppephas vum EuroCup gepackt. An dach fënnt de Guy Seyler en Hoer an der Zopp.
