UV-Stralung gëllt noweislech als Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs. A Videoen a sozialen Netzwierker behaapt e User, net d'Sonnenastralung, mee Sonnecrème géif Hautkriibs ausléisen. En plus géifen Antioxidantie souwéi d'Areiwe mat bestëmmten Ueleger besser viru Sonnebrand schützen. Dës Behaaptunge sinn awer falsch.