Sécherheet, besser nach d'Sécherheetsgefill, war e grousst Thema dëst Joer, bei der CSV an der DP. Do wonnert et net, dass d‘Justizkapitel vu Schwaarz-Blo op Duerchgräifen ofziilt: Et wëllt een d‘Police verstäerken, eng Gemengepolice aféieren, an duerch déi sougenannte Comparutation immédiate a verschiddene Fäll méi séier Urteeler erméiglechen. D‘Anne Wolff freet sech allerdéngs, wéi dat soll goen, an ob Lëtzebuerg net léiwer nach méi Energie an de Kampf géint d‘Finanzkriminalitéit stieche sollt.