De 15. Januar 2025 gouf vu Katar an den USA e Waffestëllstand tëscht Israel an der Hamas annoncéiert, deen den 19. Januar a Kraaft getrueden ass. Dëse Waffestëllstand huet dozou geféiert, dass d'Partei "Jüddesch Stäerkt" (hebr. Otzma Jehudit) aus der israeelescher Regierung ausgetrueden ass, well d'rietsextreem Gruppéierung dëst Ofkommes als "skandaléis" ugesäit.