Den 19. Mäerz geet dem Chester Kieffer seng Saison un. Zu Imola an Italien ginn dann déi éischten Coursse vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer. Nodeems den 19 Joer jonke Pilot lescht Saison am Porsche Carrera Cup Frankräich d’Rookie-Championnat gewanne konnt, kann hie sech demnächst mat deene beschten Porsche Cup-Pilote moossen.