Mir kucken op eisen Handy nach iert mer iwwerhaapt aus dem Bett sinn. Den Alldag spillt sech dacks virun engem Ecran of - egal ob bei der Aarbecht, der Fräizäit, oder bei der Kommunikatioun. An dobäi verléiere mir lues a lues eppes, wat fir eis eigentlech ganz natierlech ass: d’Verbindung zur Natur.