Lëtzebuerg stécht, genee wéi ganz Europa, an enger energeetescher Transitiounsphas. Ma well déi och eppes kascht an net jidderee sech dat ouni Weideres leeschte kann, muss all EU-Memberland e Klima-Sozial-Plang ausschaffen. D'Lëtzebuerger Versioun gouf e Freideg vun de Ministere Wilmes an Delles presentéiert.