Den Direkter vum CNA, Gilles Zeimet, huet e Mëttwoch demissionéiert. Dat huet de Kulturminister Eric Thill der zoustänneger Chamberkommissioun e Mëttwoch de Mëtteg matgedeelt. Kuerz viru Mëtteg hat den Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk eng 60-säiteg Analys vun de Mesuragen aus der "Family of man" publizéiert.