De Cyclist Jean Assselborn: Appell fir en Don fir ONG "Catch a Smile"
De Lëtzebuerger Ausseminister rifft an engem Video all Cyclisten op, fir fir d'ASBL "Catch A Smile" ze spenden.
De Lëtzebuerger Ausseminister rifft an engem Video all Cyclisten op, fir fir d'ASBL "Catch A Smile" ze spenden.
Am Allersmatch gouf et eng 2:1-Victoire fir d'FLF-Formatioun an der Nations League géint den Aserbaidjan.
D'Wëssenschaftler vun der Covid Task Force si sech net sécher, ob mat den aktuelle Restriktiounen d'Verbreedung vum Virus wesentlech erofgedréckt ka ginn.
Bis viru kuerzem gouf et an der Gemeng Rouspert-Mompech 4 Wandmillen. Zanter 1996 waren dës am Asaz an hu grénge Stroum produzéiert.
Enger internationaler Etüd no huet d'Integratioun vu Leit, déi op Lëtzebuerg migréiere sech iwwert déi lescht 5 Joer signifikativ verbessert.
Virun 8 Joer gouf d ASBL "Mamie et Moi" gegrënnt, mam Zil, jonk an eeler Generatiounen iwwert d'Strécke méi no zesummenzebréngen.
D'Entreprise vu Konsdref war den eenzege privaten Déierefudder-Produzent an Europa, déi ouni Genmanipulatioun geschafft huet.
Druse ass eng héich ustiechend Krankheet, déi d'Otemweeër vum Päerd ugräift. 2018 goufen hei am Land 4.600 Päerd infizéiert.
Souwuel vun de Gewerkschaften an de Lycéeën, wéi och vun der CSV gouf et ferm Kritik um Projet, deen de Ministère elo och virleefeg zeréckgezunn huet.
Duerch eng Waasserfuite an enger Wunneng hunn e Sonndeg d'Pompjeeën an d'Police zu Berlin eng gréisser Drogeplantage fonnt.
D'EU-Agrarministere wiere sech géint d'Kritik un hirer Eenegung fir eng Reform vun der gemeinsamer Landwirtschaftspolitik (GAP).
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt 10 weider Persounen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Insgesamt sinn dat elo 236 Doudeger.
Zu dräi Iwwerfäll, bei deenen d'Affer mat engem Messer bedrot goufen, koum et e Sonndeg zweemol zu Esch an eng Kéier an der Stad.
Den Aarbechtsminister widdersprécht den Aussoe vum President vun der Handwierkerfederatioun hei op RTL.
En Dënschdeg de Mëtteg maachen de Premier an d'Gesondheetsministesch de Point iwwert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg.
E Méindeg de Mëtteg koum et um CR106 tëscht Monnerech a Lampech zu engem Accident mat 2 Gefierer.
Dem US-Harrikan-Zentrum no huet den Hurrikan "Iota" e Méindeg iwwert der Karibik déi zweethéchst Hurrikan-Kategorie 4 erreecht.
D'Ravens hunn eng batter Néierlag géint Patriots missten astiechen an d'Eagles musse sech géint den divisional Rival Giants geschloe ginn.
Lescht Woch hate Rumeuren iwwert dem Karl Dall säi Gesondheetszoustand d'Ronn gemaach, am Gespréich mam däitschen RTL huet säi Meedchen et confirméiert.
Zënter knapp 3 Wochen huet d'Süd-Regioun de Label «réserve de biosphère» vun der Unesco.
Nodeems Biontech/Pfizer als éischt eng Wierksamkeet vun iwwer 90% annoncéiert haten, huet Moderna en änlecht Resultat bei hirem Vaccin ugekënnegt.
D'Land wiert sech géint eng Reegelung, datt EU-Mëttel kënne gekierzt ginn, bei bestëmmte Verstéiss géint d'Rechtsstaatlechkeet.
De Fernand Kartheiser hat am Zesummenhank mat engem méiglechen Dateleak beim Srel eng parlamentaresch Fro gestallt.
An der Zeitung "Marca" geet net nëmmen iwwert d'FLF an hir Fortschrëtter rieds, mä och iwwert den Numm vum neie Stadion op der Cloche d'Or.
An engem Schreiwes huet d'FLH e Méindeg de Moie matgedeelt, datt den Tournoi vun der EHF ofgesot gouf.